Dës Säit befaasst sech mam Joer 2020.

D'Joer 2020 huet op engem Mëttwoch ungefaangen. Et war e Schaltjoer.
- 01. Januar: Kroatien iwwerhëlt turnusgeméiss bis den 30. Juni des Joers d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
- 05. Januar: De Zoran Milanovic gewënnt d'Presidentewalen a Kroatien.
- 07. Januar: Als Folleg vun de Parlamentswale vum 29. September 2019 gëtt de Sebastian Kurz op en Neits Kanzler vun der Republik Éisträich.
- 07. Januar: De Pedro Sánchez gëtt op en Neits Ministerpresident a Spuenien, un der Spëtzt vun enger Koalitioun vu PSOE a Podemos.
- 13. Januar: De Robert Abela gëtt neie Premierminister a Malta.
- 31. Januar: D'Vereenegt Kinnekräich trëtt aus der Europäescher Unioun aus. Wéi am Austrëttsaccord virgesinn, gëtt et eng Iwwergangsperiod bis Enn 2020, an där de legale Kader, wéi e bis ewell mat der EU gegollt huet, virun a Kraaft bleift, a wärend där en neien Handels- a Kooperatiounsaccord mat der EU ausgehandelt gëtt.
- 03. Mäerz: Nom Récktrëtt vum Marjan Šarec gëtt de Janez Janša neie Ministerpresident vu Slowenien.
- 04. Mäerz: Den Denys Schmyhal gëtt neie Ministerpresident vun der Ukrain.
- 13. Mäerz: D'Katerina Sakellaropoulou gëtt als nei Staatspresidentin vu Griicheland vereedegt.
- 21. Mäerz: No de Parlamentswalen an der Slowakei gëtt den Igor Matovič neie Premierminister.
- 27. Mäerz: Nordmazedonien gëtt Member vun der NATO.
- 27. Juni: De Micheál Martin gëtt vum iresche Parlament zum neie Premierminister gewielt.
- 27. Juni: De Guðni Th. Jóhannesson gëtt zum President vun Island erëmgewielt.
- 03. Juli: De Jean Castex gëtt neie Premierminister a Frankräich.
- 12. Juli: Den aktuelle President Andrzej Duda gëtt am 2. Tour vun de Presidentschaftswalen a Polen erëmgewielt.
- 09. August: Der wäissrussesche President Aljaksandr Lukaschenka gëtt bei de Presidentschaftswale mat offiziell 80 % erëmgewielt. D'Oppositioun kontestéiert déi Zuelen; et kënnt wochelaang zu Protestdemonstratioune vun Honnertdausende vu Leit.
- 01. Oktober: Den Alexander De Croo gëtt neie Regierungschef an der Belsch, gedroe vun enger Koalitioun vu 7 Parteien ("Vivaldi" genannt).
- 30. Oktober: Bei engem Äerdbiewe viru Samos, an der Ägeis, kommen iwwer 70 Leit ëm d'Liewen, déi meescht zu a ronderëm Izmir.
- 31. Oktober: De Willy-Brandt-Fluchhafe Berlin-Brandenburg (BER) geet 9 Joer méi spéit a 4 Milliarden Euro méi deier wéi geplangt, a Betrib.
- 15. November: D'Maia Sandu gewënnt d'Presidenschaftswalen a Moldawien; si gëtt de 24. Dezember vereedegt.
- 11. Dezember: D'Ingrida Šimonytė gëtt nei Premierministesch a Litauen, un der Spëtzt vun enger Dräiparteiekoalitioun.
- 23. Dezember: De Florin Cîțu gëtt neie Premierminister a Rumänien.
- 24. Dezember: D'EU an d'Vereenegt Kinnekräich eenege sech op en neit Handels- a Kooperatiounsofkommes, dat hir Bezéiunge vum 1. Januar 2021 u reegele soll.
- 29. Februar: Den ëffentlechen Transport gëtt am ganze Land gratis fir d'Passagéier (ausser 1. Klass an international Zich).
- 29. Februar: Déi éischt Persoun am Land gëtt positiv op de SARS-CoV-2 Virus getest.
- 16. Mäerz: Fir der COVID-19-Pandemie entgéint ze wierken, bleiwen op Uerder vun der Regierung Schoulen, Crèchen, Restauranten, Caféen, Concerts- an Theatersäll, Kinoen, Sportplazen an all Geschäfter, ausser Liewensmëttel-, Zeitungs- a Brëllebutteker an Apdikten, zou. D'Leit solle sech sou wäit et geet vun aneren ewechhalen. Dës Restriktioune gi vu Mee u phaseweis nees opgehuewen, fir dann awer vun Enn November un nees unzezéien, well d'Zuel vun den Neiinfektioune vu September un nees an d'Luucht gaange ass.
- 18. Mäerz: D'Regierung rifft den État de crise aus (Art. 32(4) vun der Verfassung), deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gëtt.
- 13. Dezember: D'Verlängerung vun der Tramslinn T1 vun der Stäreplaz op d'Gare gëtt a Betrib geholl.
- 28. Dezember: Ufank vun der Impfcampagne géint de SARS-CoV-2-Virus.
- 20. Abrëll: Wéinst der niddereger Nofro, bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie, gëtt fir d'éischt Kéier iwwerhaapt de Präis vum Barrel Pëtrol negativ gehandelt: fir kuerz Zäit gouf e fir -38 USD verkaaft.
- Alfred V. Aho und Jeffrey Ullman fir fundamental Algorithmen an Theorien, déi Basis bilde fir d'Implementiere vu Programméiersproochen, a fir d'Synthees dovun an och vun anere Resultater an hire Bicher mat deene Generatiounen vun Informatiker ausgebilt goufen.
Wéinst der COVID-19 Pandemie si vill sportlech Evenementer, Championnater oder Turnéiere verréckelt ginn oder ganz ausgefall.
- 05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Olympiastadion zu Baku an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:1 géint Azerbaidjan.[7]
- 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:1 géint Montenegro.[8]
- 07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 1:2 géin Liechtenstein.[9]
- 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:0 géint Zypern.[10]
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Gradski Stadion zu Podgorica an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Montenegro.[11]
- 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:3 géint Éisträich.[12]
- 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am GSP Stadion zu Nikosia an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Zypern.[13]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an déi aserbaidjanesch spillen am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:0 gläich.[14]
- 02. Januar: Mésy Faber, lëtzebuergesch Operettesängerin a Schauspillerin.
- 10. Januar: Wolfgang Dauner, däitschen Jazzmuseker.
- 10. Januar: Qabus ibn Said, Sultan vum Oman.
- 16. Januar: René Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. Januar: Eugène Berger, lëtzebuergesche Politiker an Alpinist.
- 21. Januar: Terry Jones, englesche Komiker, Regisseur an Auteur.
- 25. Januar: Monique van Vooren, belsch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 26. Januar: Jos Bernard, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 31. Januar: Mary Higgins Clark, amerikanesch Schrëftstellerin.
- 04. Februar: Daniel arap Moi, kenianesche Politiker.
- 05. Februar: Stanley Cohen, amerikanesche Biochemiker.
- 05. Februar: Kirk Douglas, amerikanesche Schauspiller.
- 07. Februar: Ann E. Todd, amerikanesch Schauspillerin.
- 08. Februar: Armande Navarre, franséisch Schauspillerin
- 10. Februar: Claire Bretécher, franséisch Comicsauteurin an -zeechnerin.
- 17. Februar: Sonja Ziemann, däitsch Schauspillerin.
- 18. Februar: Gust Graas, lëtzebuergesche Moler a Manager.
- 21. Februar: Jean-Pierre Junius, lëtzebuergesche Moler.
- 25. Februar: Husni Mubarak, egypteschen Offizéier a Politiker.
- 29. Februar: Avraham Barkai,däitsch-israeeleschen Historiker an Ekonomist.
- 04. Mäerz: Javier Pérez de Cuéllar, peruaneschen Diplomat a Politiker, UN-Generalsekretär.
- 06. Mäerz: Remo Raffaelli, lëtzebuergesche Moler.
- 06. Mäerz: McCoy Tyner, US-amerikaneschen Jazzpianist.
- 08. Mäerz: Max von Sydow, schweedesch-franséische Schauspiller.
- 12. Mäerz: Tonie Marshall, franséisch Filmregisseurin, Dréibuchautorin a Schauspillerin.
- 15. Mäerz: Suzy Delair, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 16. Mäerz: Stuart Whitman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Mäerz: Kenny Rogers, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 24. Mäerz: Manu Dibango, kamerunesche Museker.
- 24. Mäerz: Stuart Gordon, US-amerikanesche Regisseur.
- 24. Mäerz: Albert Uderzo, franséische Comiczeechner.
- 28. Mäerz: Ger Maas, lëtzebuergesch Molerin.
- 28. Mäerz: Barbara Rütting, däitsch Schauspillerin, Autorin a Politikerin.
- 29. Mäerz: Krzysztof Penderecki, polnesche Komponist.
- 30. Mäerz: Bill Withers, US-amerikanesche Komponist a Sänger.
- 03. Abrëll: Henri Dillenburg, lëtzebuergesche Moler.
- 04. Abrëll: Hans Meyer, südafrikanesche Schauspiller.
- 05. Abrëll: Margaret Burbidge, brittesch Astrophysikerin.
- 08. Abrëll: Madeleine Fischer, Schwäizer Filmschauspillerin.
- 12. Abrëll: Stirling Moss, brittesche Formel-1-Pilot.
- 12. Abrëll: Maurice Barrier, franséische Schauspiller.
- 12. Abrëll: Joseph Strotz, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 14. Abrëll: Théo Adam, lëtzebuergesche Moler.
- 15. Abrëll: Brian Dennehy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Abrëll: Bruce Myers, englesche Schauspiller.
- 16. Abrëll: Christophe, franséische Museker a Sänger.
- 17. Abrëll: Sergio Fantoni, italieenesche Schauspiller.
- 22. Abrëll: Shirley Knight, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. Abrëll: Norbert Blüm, däitsche Politiker
- 29. Abrëll: Maj Sjöwall, schweedesch Schrëftstellerin
- 08. Mee: Roy Horn, Zauberkënschtler an Dompteur.
- 09. Mee: Little Richard, US-amerikanesche Rock 'n' Roll-Sänger.
- 12. Mee: Adrien Meisch, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 12. Mee: Michel Piccoli, franséische Schauspiller.
- 17. Mee: Marco Thewes, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. Mee: Norman G. Thomas, US-amerikaneschen Astronom.
- 20. Mee: Jay Schiltz, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Kabarettist.
- 26. Mee: Irm Hermann, däitsch Schauspillerin.
- 27. Mee: Jules Wilhelm, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 28. Mee: Guy Bedos, franséische Schauspiller.
- 31. Mee: Christo, bulgaresch-amerikanesche Kënschtler.
- 31. Mee: Jean-Pierre Kraemer, lëtzebuergeschen Enseignant a Schrëftsteller.
- 02. Juni: Werner Böhm, däitsche Sänger a Museker.
- 04. Juni: Jean Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Fechter.
- 08. Juni: Marion Hänsel, belsch Filmregisseurin.
- 08. Juni: Pierre Nkurunziza, Politiker aus dem Burundi.
- 18. Juni: Claus Biederstaedt, däitsche Schauspiller.
- 18. Juni: Vera Lynn, brittesch Sängerin.
- 19. Juni: Ian Holm, brittesche Schauspiller.
- 19. Juni: Carlos Ruiz Zafón, spuenesche Schrëftsteller.
- 22. Juni: Joel Schumacher, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Juni: Fred Hammer, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 29. Juni: Carl Reiner, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 30. Juni: Prosper Kayser, lëtzebuergeschen Anästhesist, Genealog an Auteur.
- 02. Juli: Tilo Prückner, däitsche Schauspiller.
- 03. Juli: Earl Cameron, brittesche Schauspiller.
- 06. Juli: Ennio Morricone, italieenesche Komponist an Dirigent.
- 17. Juli: Zizi Jeanmaire, franséisch Balletsdänzerin, Schauspillerin a Chansonsängerin.
- 23. Juli: Luigi De Marchi, italieenesche Filmregisseur.
- 24. Juli: Benjamin Mkapa, tansanesche Politiker.
- 25. Juli: Olivia de Havilland, brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Juli: Peter Green, brittesche Gittarist a Sänger.
- 25. Juli: John Saxon, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. Juli: Alan Parker, brittesche Filmregisseur.
- 03. August: John Hume, nordiresche Politiker a Friddensnobelpräislaureat.
- 03. August: Isabelle Weingarten, franséisch Schauspillerin a Fotografin.
- 05. August: Gust Altzinger, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 14. August: Linda Manz, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. August: Ben Cross, englesche Schauspiller.
- 19. August: Andrea Neumann, däitsch Molerin.
- 28. August: Chadwick Boseman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. August: Pranab Mukherjee, indesche Politiker.
- 02. September: Adrianus Simonis, hollännesche Kardinol.
- 03. September: Birol Ünel, däitsche Schauspiller.
- 04. September:Annie Cordy, belsch Sängerin a Schauspillerin.
- 05. September: Malka Ribowska, franséisch Schauspillerin.
- 05. September: Jiří Menzel, tschechesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 07. September: André Reichling, lëtzebuergesche Komponist an Dirigent.
- 09. September: Shere Hite, US-amerikanesch-däitsch Sexualwëssenschaftlerin.
- 10. September: Diana Rigg, brittesch Schauspillerin.
- 10. September: Marco Vicario, italieenesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 11. September: Roger Carel, franséische Schauspiller.
- 15. September: Moussa Traoré, malesche Generol a President.
- 18. September: Ruth Bader Ginsburg, US-amerikanesch Juristin
- 21. September: Nicolas Kohl, lëtzebuergeschen Amateur-Archeolog.
- 21. September: Michael Lonsdale, brittesch-franséische Schauspiller.
- 22. September: Michael Gwisdek, däitsche Schauspiller.
- 23. September: François Diederich, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 23. September: Juliette Gréco, franséisch Sängerin a Schauspillerin.
- 30. September: Quino, argentinesch-spuenesche Comicsauteur an -zeechner.
- 04. Oktober: Kenzō Takada, japanesche Moudendesigner.
- 05. Oktober: Steve Kaspar, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 06. Oktober: Herbert Feuerstein, däitsche Journalist a Kabarettist.
- 06. Oktober: Johnny Nash, US-amerikanesche Pop- a Reggaemuseker.
- 06. Oktober: Eddie Van Halen, hollännesch-US-amerikanesche Rockgittarist.
- 12. Oktober: Conchata Ferrell, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 13. Oktober: Jean Cardot, franséische Sculpteur.
- 14. Oktober: Rhonda Fleming, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Oktober: Spencer Davis, brittesche Rockmuseker.
- 21. Oktober: Marge Champion, US-amerikanesch Schauspillerin an Dänzerin.
- 23. Oktober: Alphonse Pelles, lëtzebuergeschen Naturfuerscher.
- 25. Oktober: Henri Roemer, lëtzebuergesche Foussballspiller a -fonctionnaire.
- 27. Oktober: Jean-Jacques Grand-Jouan, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 31. Oktober: Sean Connery, schottesche Schauspiller.
- 02. November: Gigi Proietti, italieenesche Schauspiller.
- 03. November: Claude Giraud, franséische Schauspiller a Synchronspriecher.
- 04. November: Camille Studer, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- 07. November: John Fraser, schottesche Schauspiller.
- 10. November: Amadou Toumani Touré, Politiker a Staatschef aus dem Mali.
- 12. November: Nelly Kaplan, franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin a Filmregisseurin.
- 12. November: Gernot Roll, däitsche Kameramann a Filmregisseur.
- 18. November: Michel Robin, franséische Schauspiller.
- 22. November: Geert Müller-Gerbes, däitsche Journalist an Tëleesmoderator.
- 23. November: Karl Dall, däitschen Entertainer.
- 23. November: Sidi Mohamed Ould Cheikh Abdallahi, mauretanesche Politiker.
- 25. November: Diego Maradona, argentinesche Foussballspiller an -trainer.
- 26. November: Tevita Momoedonu, fidschianesche Politiker.
- 28. November: David Prowse, brittesche Schauspiller.
- 02. Dezember: Valéry Giscard d'Estaing, franséische Politiker.
- 02. Dezember: Pamela Tiffin, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 04. Dezember: François Leterrier, franséische Filmregisseur.
- 06. Dezember: Colette Richard, franséisch Schauspillerin.
- 07. Dezember: Chuck Yeager, US-amerikanesche Militär a Pilot.
- 10. Dezember: Paolo Rossi, italieenesche Foussballspiller.
- 11. Dezember: Gotthilf Fischer, däitsche Chouerleeder.
- 12. Dezember: John le Carré, brittesche Schrëftsteller.
- 15. Dezember: Caroline Cellier, franséisch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Claude Brasseur, franséische Schauspiller.
- 26. Dezember: Peter Schmidhuber, däitsche Politiker.
- 29. Dezember: Pierre Cardin, franséische Moudendesigner.
- 31. Dezember: Robert Hossein, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- ↑ The Nobel Prize in Physiology or Medicine 2020. In: nobelprize.org, 5. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Prize in Physics 2020. In: nobelprize.org, 6. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Prize in Chemistry 2020. In: nobelprize.org, 7. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Prize in Literature 2020. In: nobelprize.org, 8. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Peace Prize 2020. In: nobelprize.org, 9. Oktober 2020.
- ↑ The Sveriges Riksbank Prize in Economic Sciences in Memory of Alfred Nobel 2020
- ↑ (en) Azerbaijan vs Luxembourg, 5 September 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
- ↑ (en) Luxembourg vs Montenegro, 8 September 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
- ↑ (en) Luxembourg vs Liechtenstein, 7 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
- ↑ (en) Luxembourg vs Cyprus, 10 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
- ↑ (en) Montenegro vs Luxembourg, 13 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
- ↑ (en) Luxembourg vs Austria, 11 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
- ↑ (en) Cyprus vs Luxembourg, 14 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
- ↑ (en) Luxembourg vs Azerbaijan, 17 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.