| Alessandro Volta | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Gebuer |
18. Februar 1745 Como |
| Gestuerwen |
5. Mäerz 1827 Como |
| Nationalitéit | Ducato di Milano, Kinnekräich Lombardo-Venetien |
| Aktivitéit | Physiker, Erfinder, Akadeemiker, Cheemiker |
| Fonctioun | Senateur |
| Member vun | Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Académie des sciences, Accademia delle Scienze di Torino, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Niedersächsische Akademie der Wissenschaften zu Göttingen, Royal Society |
| Auszeechnungen | Chevalier vun der Légion d'honneur, Fellow vun der Royal Society, Copley Medail |
| Bestuet mat | Sasinek, Franz (BLKÖ) |
|
| |
Den Alessandro Giuseppe Antonio Anastasio Grof vu Volta, gebuer den 18. Februar 1745 zu Como an Italien, a gestuerwen de 5. Mäerz 1827 zu Camnago bei Como, war en italieenesche Physiker. Hien huet d'elektresch Batterie erfonnt. Zesumme mam Luigi Galvani gëllt hien als ee vun de Grënner vum Zäitalter vun der Elektrizitéit an der Elektrotechnik.
Dem Volta seng Elteren, de Filippo Volta an d'Maria Maddalena Inzaghi, hunn hien op eng Jesuitteschoul geschéckt, mat dem Hannergedanken, datt hie Jurist sollt ginn.
Am Joer 1774 gouf hie Physiksschoulmeeschter a senger Heemechtsstad, a 1779 Professer op der Universitéit Pavia.
Hien huet am Joer 1793 d'Teresa Peregrini bestuet, mat där hien dräi Jonge krut.
De Volta ass 1819 a Pensioun gaangen.
- 1791 ass hie bei der Royal Society zu London als Member opgeholl ginn.
- 1794 krut hien d'Copley Medail.
- 1810 fir seng Verdéngschter an der Elektrizitéit z'éiere gëtt den Napoleon Bonaparte him de Grofentitel
- 1815 ernennt de Keeser vun Éisträich hien zum Professer op der Univesitéit Padua
- 1897, also 70 Joer no sengem Doud, gouf de Volta mat deenen héchsten Auszeechnungen, déi jee e Physiker kréie kann, geéiert: Zu sengen Éiere gouf d'Moosseenheet fir d'elektresch Spannung Volt no him genannt.
- De Volta a seng Aarbechtsplaz, de Voltatempel, ware bis virun der Aféierung vum Euro op den italieenesche Geldschäiner ze gesinn.
