Lëtzebuergesch Dictionnairen – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Deen éischte lëtzebuergeschen Dictionnaire
Déi éischt
Lëtzebuerger Dictionnairë
ware Sammlunge vu
Lëtzebuergesche
Wierder, déi op
Däitsch
(oder
Franséisch
) iwwersat an erkläert goufen.
Den Ufank: Lexicon der Luxemburger Umgangssprache
änneren
Quelltext änneren
Deen éischten
Dictionnaire
vum Lëtzebuergesche war de
Lexicon der Luxemburger Umgangssprache
vun
1847
deen de
Jean-François Gangler
zesummegestallt hat.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Lexicon der Luxemburger Umgangssprache
Dictionnaireskommissiounen
änneren
Quelltext änneren
Den
19. Februar
1897
huet d'
Chamber
e Gesetz gestëmmt, datt eng Dictionnaireskommissioun an d'Liewe geruff huet
behufs Sammlung und Aufzeichnung unseres nationalen Sprachschatzes.
D'Aarbechte vun dëser Kommissioun, déi ufanks aus 7, duerno aus 10 Membere bestanen huet, hu sech
1906
am
Wörterbuch der luxemburgischen Mundart
konkretiséiert. Dësen huet a sengem Virwuert ugekënnegt, e méi groussen, vollstännegen, sollt nokommen (wat awer net de Fall war).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Wörterbuch der luxemburgischen Mundart
1935
gouf eng nei Dictionnaireskommissioun ernannt, déi am Kader vun der
Sproochesektioun
vum
Institut grand-ducal
geschafft huet.
1948
, no der Ënnerbriechung duerch d'
Krichsjoren
, gouf se nei ernannt an huet hir Aarbecht nees opgeholl.
1950
konnt si den éischte Fascicule vum bis ewell gréissten Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen, dem
Luxemburger Wörterbuch
virleeën. Dëse koum tëscht
1950
an
1975
a véier Bänn, mat engem Ergänzungsband
1977
, eraus. E gouf
1995
als Nodrock an 2 Bänn ënner dem Numm
Lëtzebuerger Dixionär
nei opgeluecht, gouf awer
1997
aus dem Verkaf gezunn, nodeem ë.
a. déi onkritesch Sammlung vun
antisemittesche
Spréchelcher ënner dem
Lemma
Judd
staark kritiséiert gi war. En däerf awer nach
fir wëssenschaftlech Zwecker
bestallt ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Luxemburger Wörterbuch
Conseil permanent de la langue luxembourgeoise
änneren
Quelltext änneren
Nodeem eng nei Dictionnaireskommissioun, déi uganks den 1990er Joren op d'Bee gesat gi war, am Sträit ausernee gaange war, ier se iwwerhaapt hätt kënnen ufänke mat schaffen, gouf
1998
de
Conseil permanent de la langue luxembourgeoise
gegrënnt, deen ë.
a. och domat chargéiert gouf, un engem neien Dictionnaire ze schaffen. D'Basis sollt e
Lëtzebuerger Handwierderbuch
sinn, dat da spéider verdéift soll ginn.
Fir d'éischt war rieds gaangen, et sollt parallel un zwee verschiddene Wierker geschafft ginn; eent an engem Band, eng Zort "Volleksdictionnaire", an e "wëssenschaftlechen" ouni Récksiicht op de Verkafspräis an de Volume. Déi Iddi schéngt awer opgi gewiescht ze sinn; well vun 2007 u gouf de véier-, duerno fënnefsproochegen,
Lëtzebuerger Online Dictionnaire
no an no, der alphabetescher Reiefolleg vun de lëtzebuergesche Lemmaen no,
online
publizéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Lëtzebuerger Online Dictionnaire
Dictionnairen, déi vun anere Sproochen an d'Lëtzebuergescht iwwersetzen
änneren
Quelltext änneren
An den
1970er
Jore sinn déi éischt Dictionnairen
an
d'Lëtzebuergescht, vum Däitschen, du vum Franséischen, op de Maart komm. Méi spéit koumen, meescht zweesproocheg,
Portugisesch
-,
Englesch
-,
Hollännesch
-,
Italieenesch
-,
Ungaresch
Rumänesch
-,
Russesch
-,
Arabesch
-,
Farsi
- an
Tigrigna
-Lëtzebuergesch Dictionnairen dobäi. E puer si vun etabléierte Verlagshaiser erausginn, déi meescht awer op Eegeninitiativ vun hiren Auteuren, zum Deel am Eegeverlag.
Si sinn an der Lëscht hei ënnendrënner opgezielt.
Lëscht vun Dictionnairen
änneren
Quelltext änneren
Auteur
Joer
Sproochen
Dictionnaire
Weider Info
Gangler, Jean François
1847
lb-de/fr
Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird, mit hochdeutscher und französischer Übersetzung und Erklärung
Lëtzebuerg.
Arendt, Jean-Venceslas-Charles, Laurent Menager & Nicolas Steffen-Pierret
1906
lb-de
Wörterbuch der luxemburgischen Mundart
Lëtzebuerg.
Wörterbuchkommission
1950-1977
lb-de (fr, la)
Luxemburger Wörterbuch
, 22 Fasciculen oder 5 Bänn
Lëtzebuerg. Nodrock 1995.
Rinnen, Henri & Will Reuland
1973
de-lb
Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch
Lëtzebuerg
Rinnen, Henri & Will Reuland
1980
fr-lb
Petit dictionnaire français-luxembourgeois
Luxembourg
Christophory, Jul (éd.)
1980
pt-lb
lb-pt
Portugiesesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire portugais-luxembourgeois / Dicionário português-luxemburgês
Lëtzebuerg, Lycée Michel-Rodange, Neioplo 2003
Rinnen, Henri
1988
fr-lb
Dictionnaire français-luxembourgeois
Lëtzebuerg
Zimmer, Jacqui
1993
lb-fr-de-en-es-pt-it
6000 Wierder op Lëtzebuergesch
Och op CD
Christophory, Jul (éd.)
1996
en-lb
English-Luxembourgish dictionnary
Esch-Uelzecht
Van Dijk, Theo
1998
lb-nl
Dictionnaire Lëtzebuergesch-Hollännesch
CLAE, Lëtzebuerg
Kroemmer, M.-Th.
2000
lb
Mosaik-Steng: Wierderbuch mat lëtzebuergeschen Ausdréck, fir e Schrack an eis Sprooch ze maachen
Eis Sprooch, Extraserie Nr. 21, Lëtzebuerg. 95 S.
Pantea-Keintzel, Cornelia
2001
lb-hu
hu-lb
Wierderbuch Lëtzebuergesch-Ungaresch / Magyar-Luxemburgi Szótár
Lëtzebuerg
Pantea-Keintzel, Cornelia
2002
lb-ro
ro-lb
Wierderbuch Lëtzebuergesch-Rumänesch
Bukarest
Caldognetto, Maria-Luisa & Jos Boggiani
2003
lb-it
Lëtzebuergesch-italieeneschen Dictionnaire
CLAE, Lëtzebuerg
Dermann-Loutsch, Liette
2003
de-lb
Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch
Éditions St.-Paul, Lëtzebuerg
Lulling, Jérôme & François Schanen
2004
lb-fr
Luxdico.com - Dictionnaire bilingue Lëtzebuergesch
Franséisch
Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. [2. Oplo 2005; 3. Oplo 2009; 2010 als App fir iPhone an iPod]
Dermann-Loutsch, Liette
2006
fr-lb
Dictionnaire français-luxembourgeois
Éditions St.-Paul, Lëtzebuerg
Dupont, Jackie & Geisen, Patty
2008
lb-fr-de-en-pt
Basic Lëtzebuergesch: Basiswuertschatz: 1500 Wierder fir den Alldag thematesch opgebaut
Bertrange, Rapidpress. 62 S.
Welschbillig, Myriam, François Schanen & Jérôme Lulling
2008
lb-de / de-lb
Luxdico Deutsch: Luxemburgisch
Deutsches Wörterbuch
Éd. Schortgen, Luxemburg.
Chechulina, Irina
2009
lb-ru
ru-lb
Dictionnaire Lëtzebuergesch - Russesch / Russesch - Lëtzebuergesch
Lëtzebuerg,
ISBN 978-2-87996-599-4
Schanen, François; Lulling, Jérôme
2012
lb-en / en-lb
Luxdico: Lëtzebuergesch>Englesch, English>Luxembourgish
Lëtzebuerg:Éditions Schortgen,
ISBN 978-2-87953-147-2
Hbari, Ghassen; Koenig, Siggy; Steinmetzer, Jeanne
2016
ar-fr-lb / fr-ar-lb
MA’AN ENSEMBLE ZESUMMEN: Dictionnaire élémentaire
Franséisch, Arabesch, Lëtzebuergesch /
Arabesch, Franséisch, Lëtzebuergesch
Lëtzebuerg:
ISBN 978-99959-1-066-2
dictionnaire-fr-arabe-lux
Gharai, Shahmira; Koenig, Siggy; Steinmetzer, Jeanne
2017
farsi/dari-fr-lb / fr-farsi/dari-lb
BÂ’HAM ENSEMBLE ZESUMMEN: Dictionnaire élémentaire
Franséisch, Farsi/Dari, Lëtzebuergesch /
Farsi/Dari, Franséisch, Lëtzebuergesch
Lëtzebuerg:
ISBN 978-99959-1-076-1
Le Dictionnaire élémentaire français - farsi/dari - luxembourgeois
ASTI asbl
2019
fr-tigrigna-lb
ሓቢርና ENSEMBLE ZESUMMEN
: Dictionnaire élémentaire
Français - Tigrigna - Luxembourgeois
Lëtzebuerg: Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse / ASTI, 2019. ISBN
: 978-99959-1-245-1.
Online
Literatur
änneren
Quelltext änneren
Diderich, T.:
Wo 'Kéiseker' und 'Ijhel' sich gute Nacht sagen müssen. Ein Beitrag zur inhaltlichen Diskussion über das neu zu gestaltende Wörterbuch des Lëtzebuergeschen
, In:
d'Lëtzebuerger Land
13 (2 IV 93) 10-11.
Reisdoerfer, J., '
Een neie lëtzebuergeschen Dixionär', Prolegomena zu einem Wörterbuch der luxemburgischen Sprache
, In:
Die Warte
47. Jhg. Nr. 4/686 & 5/687.
Kühn, P.,
Lexikographie des Luxemburgischen. Plädoyer für eine kultursensitive Wörterbuchschreibung.
In: Aufbrüche und Vermittlungen. Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Hrsg. v. Claude D. Conter u. Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthesis 2010, 243-266.
Kuckt och
änneren
Quelltext änneren
Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg
Neologismen am Lëtzebuergeschen
Lëtzebuergesch
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
dico.lu - Franséisch/Lëtzebuergesch Dictionnaire op Wiki-Prinzip
Lëtzebuerger Online Dictionnaire
Luxdico.com
Lexilogos, dictionnaires luxembourgeois
Lëtzebuergesch Dictionnairen als Online-Datebank beim Portal LexicoLux vun der Universitéit Lëtzebuerg:
D'
Wörterbuch der Luxemburger Umgangssprache
vum J-F Gangler vun 1847
D'
Wörterbuch der luxemburgischen Mundart
vun 1906
D'Luxemburger Wörterbuch
Chancëgläichheetsministère, Dictionnaire Beruffer, Titelen a Funktiounen weiblech-männlech, lëtzebuergesch, däitsch a franséisch
"Bettseecheschzalot heescht 'gyermeklàncfü'" - Artikel vum R. Hilgert op land.lu
"Metalexikographische Notizen zum Luxemburgischen" vum J. Reisdoerfer
"35 000 Lemmata" vu Lulling a Schanen 30.01.2004
Kühn, P., Lexikographie des Luxemburgischen. Plädoyer für eine kultursensitive Wörterbuchschreibung. In: Aufbrüche und Vermittlungen. Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Hrsg. v. Claude D. Conter u. Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthesis Verlag 2010, 243-266.
Lëtzebuergesch
op der Wikipedia
E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen
Geschicht vun:
... der Lëtzebuerger Sprooch
...der Lëtzebuerger Schreifweis
... der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg
Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten
Spellchecker
Stilistik vum Lëtzebuergeschen
Wéi heescht dat...?
Lëtzebuergesch Dictionnairen
Vun „
Kategorien
Lëtzebuergesch Sprooch
Lëtzebuergesch Dictionnairen
Verstoppt Kategorie:
Säiten, déi magesch ISBN-Linke benotzen
Lëtzebuergesch Dictionnairen
Sujet derbäisetzen