Wikipedia – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Wikipedia-Logo
Wikipedia
ass eng fräi multilingual
Enzyklopedie
, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um
Wikikonzept
baséiert. Enn August 2024 gouf et ronn 63,6
Milliounen Artikelen an 345 Sproochen.
Déi
lëtzebuergesch Versioun
gouf den 21. Juli 2004 gegrënnt an huet momentan
67.167
Artikelen.
Et fënnt een s'ënner
Bedeitung vum Numm
änneren
Quelltext änneren
Den Numm „Wikipedia“ ass zesummegesat aus „Wiki“ an „Enzyklopedie“:
„Wiki“ kënnt vum
hawaiianesche
wiki wiki
, wat „séier“ heescht.
„Enzyklopedie“ kënnt vum
algriicheschen
ἐγκύκλιος παιδεία
enkýklios paideía
enkýklios
heescht a senger éischter Bedeitung „kreesfërmeg“ an am ofgeleete Sënn „allgemeng“;
paideía
heescht „Educatioun“.
Urspronk vum Projet
änneren
Quelltext änneren
Genee wéi
Nupedia
gëtt Wikipedia vun der
Free Software Foundation
vum
Richard Stallman
ënnerstëtzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, déi als éischt d'Iddi vun enger fräier universeller Enzyklopedie vertrueden hunn (liest dozou och "
The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource
").
Haaptcharakteristiken
änneren
Quelltext änneren
De Wikipediaprojet huet dräi Haaptcharakteristiken, déi en am
World Wide Web
definéieren an eenzegaarteg maachen:
De Wikipediaprojet ass eng
Enzyklopedie
a keen Dictionnaire oder Forum, etc. Liest heizou och
wat Wikipedia net ass
De Projet ass ausserdeem e
Wiki
. E Wiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modifikatioun vun all Säit vu jiddwerengem. Wikipedia ass déi éischt generell Enzyklopedie, déi ënner dësem Format gegrënnt gouf.
Wikipedia ass „fräi“, ënner der Lizenz
CC-by-sa
. D'fräi Texter ginn dem Grand public vum Proprietär vun der Lizenz offréiert an erlabe jiddwerengem den Text ëmzeänneren a weiderzeverbreeden. All
Benotzer
kann de Contenu vu Wikipedia – souguer fir kommerziell Zwecker – benotzen, wann e Wikipedia als seng Quell ugëtt an d'Lizenz respektéiert.
D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme
Reegelen a Recommandatioune
aus, fir datt de Projet gutt leeft.
Geschichtleches
änneren
Quelltext änneren
De Projet gouf vum
Jimmy Wales
an dem
Larry Sanger
den 10. Januar 2001 gegrënnt. Et war am Ufank just en Deel vun Nupedia a sollt dozou déngen, d'Nupedia mat Contenu vu baussen ze fidderen. Well d'Communautéit vun Nupedia awer staark Oppositioun géint deen oppene Projet gemaach huet, ass e schonn no e puer Deeg, de 15. Januar 2001, ënner dem Numm Wikipedia op eng eegen Internetsäit geplënnert. De Larry Sanger huet dat éischt Joer déi englesch Versioun geleet.
De Wikipedia-Projet gëtt vun der Visioun geleet:
Stell der eng Welt vir, an där all eenzel Persoun op dem Planéit fräien Zougang huet op d'Zomm vun allem mënschleche Wëssen.
E puer Méint drop sinn dunn déi éischt Wikipediaen an aner Sproochen entstanen. Den Ufank huet de 16. Mäerz 2001 déi katalounesch Wikipedia gemaach.
Aner Projeten am Zesummenhank mat Wikipedia:
Wiktionnaire
: En Dictionnaire an Thesaurus op wiktionary.org, deen den
12. Dezember
2002
an d'Liewe geruff gouf.
Wikiquote
: Eng Sammlung vun Zitater, ze fannen op
, besteet zanter dem
27. Juni
2003
Wikibooks
: Eng online Bibliothéik, déi sech u Studente riicht,
, gegrënnt den
10. Juli
2003
Den
20. Juni
2003
gouf d'Fondatioun Wikimedia (
) gegrënnt, fir déi verschidde Projete vu Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren.
Eng Pabeier/CD-ROM-Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou
w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0
Den
21. Juli
2004
ass déi lëtzebuergesch Versioun vun der Wikipedia aus der Daf gehuewe ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Wikipedia op Lëtzebuergesch
Mataarbechter
änneren
Quelltext änneren
U Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Zuel vu Mataarbechter, déi
Wikipedianer
genannt ginn.
Et gëtt eigentlech kee richtege „Chef“ vu Wikipedia. Wärend 13 Méint gouf de Larry Sanger vu
Bomis
, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissionéiert. Aktuell a fréier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z.
B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren.
Technesch Aspekter
änneren
Quelltext änneren
Wikipedia a seng Parallel-Projete si fräi
WikiWikiWebs
. D'Wikie sinn dynamesch Websäiten, wou all Visiteur d'Säit, déi e grad liest, modifizéiere kann. De WikiWiki ass nach méi einfach wéi
HTML
Op Wikipedia kann all Mënsch säi Pefferkär zu engem Artikel bäidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theeme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift ëmmer gespäichert.
Wikipedia funktionéiert mam
fräie Logiciel
MediaWiki
Déi verschidde Wikipediaen
änneren
Quelltext änneren
Am August 2010 gëtt et d'Wikipedia an 272 Sproochen. 192 dovun hu méi wéi 1.000 Artikelen an 32 hunn der méi wéi 100.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi engleschsproocheg (3.366.789), déi däitsch (1.100.864), déi franséisch (975.941), déi polnesch (718.012) an déi italieenesch (711.238) (Stand 1. August 2010).
Am Juli 2019 gesäit d'Statistik sou ass: d'Wikipedia gëtt et an 304 Sprooche vun deenen der fofzéng méi wéi eng Millioun Artikelen hunn. Déi meescht Artikele gëtt et a follgende Sproochen:
Englesch
(5.894.239 Artikelen),
Cebuano
(5.378.559 Artikelen),
Schweedesch
(3.747.841 Artikelen).
47 Sproochen hu méi wéi 100.000 Artikelen, 81 Sproochen der méi wéi 10.000 an 115 Sproochen der méi wéi 1.000. A 46 Sprooche gëtt et héchstens 100 Artikelen. D'Lëtzebuerger Wikipedia läit op der 82. Plaz mat 56.844 Artikelen
Stand 29. August 2024 gëtt et d'Wikipedia an 345 verschiddene Sproochen, vun deenen der 19 méi wéi eng Millioun, 71 méi wéi 100.000, 173 méi wéi 10.000 an 303 méi wéi 1.000 Artikelen hunn. D'Lëtzebuerger Wikipedia läit mat 63.719 Artikelen op der 94. Plaz. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi op
Englesch
(6.874.740), déi op
Cebuano
(6.116.947), déi op
Däitsch
(2.937.922), déi op
Franséisch
(2.632.268), déi op
Schweedesch
(2.593.316).
De 25. Mäerz 2025 gouf an der däitschsproocheger Wikipedia den 3.000.000sten Artikel geschriwwen.
Den 28. Mee 2025 gouf an der engleschsproocheger Wikipedia de 7.000.000sten Artikel geschriwwen.
Kuckt heizou och déi
komplett Lëscht vu Wikipediaen
D'Datebank eroflueden
änneren
Quelltext änneren
All d'Datebanke kënnen hei erofgeluede ginn:
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Wikipedia
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen an Notten
änneren
Quelltext änneren
List of Wikipedias
Archivéiert
den 29.08.2024.
Gekuckt den 29.08.2024.
D'Artikelzuel, déi hei ugewise gëtt, ass ëmmer aktuell a gëtt iwwer
{{NUMBEROFARTICLES}}
agebonnen.
Zitat vum Jimmy Wales, 2004
Stand: 21. Juli 2019 (00:00)
Wikipedia:Meilensteine
Gekuckt de 07.06.2025.
The English Wikipedia has reached 7,000,000 articles
Gekuckt de 07.06.2025.
Vun „
Kategorien
Wikipedia
Erasmuspräis
Verstoppt Kategorien:
Citation
Citation:Gekuckt net definéiert
Wikipedia
Sujet derbäisetzen
US