Wikipedia:De Stamminee – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)
Wikipedia:De Stamminet
De Stamminee
ass eng Plaz fir sech z'entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwer de Projet ze renseignéieren.
E Message hannerloossen
Reegelen
Éischt Reegel
: Vergewëssert Iech, datt Äre Message och déi ganz Communautéit interesséiert. Wann dëst net de Fall ass, da benotzt wgl. dem
Artikel
seng respektiv
Diskussiounssäit
Zweet Reegel
: All Feelermeldung gehéiert
heihin
, mat Datum.
Drëtt Reegel
: Hiweiser op Annoncen an der geschriwwener Press gehéieren
heihin
Wann de Server eemol lues sollt sinn, gitt fir d'alleréischt
heihi
luussen.
Fir datt de Stamminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:
Setzt d'Saachen an d'Archiv soubal d'Diskussioun ofgeschloss ass.
Réckelt Diskussiounen, déi net heihi gehéieren, op déi jeeweils richteg Plaz.
Kuckt och
Wikipedia:Technesche Krom
fir Sujeten, déi vu méi technescher Natur sinn, wéi se et gemengerhand hei um Stamminee sinn.
Wikipedia:Global Annoncen
fir global Annoncen a Messagen, déi automatesch op deene verschiddene Wikien – dorënner och d'Wikipedia op Lëtzebuergesch – verbreet ginn.
Archiven
Hei kënnt Dir d'Archive vum Stamminee duerchsichen. Villäicht fannt Dir och an den Archiven eng Äntwert op Är Froen.
Archiv pro Joer:
2004
2005
2006
2007
2008
2009
2010
2011
2012
2013
2014
2015
2016
2017
2018
2019
2020
2021
2022
2023
2024
2025
Wikiiessen 2026
Quelltext änneren
D'Wikiiessen 2026 ass e Samschdeg, de 7. Mäerz, ab 11:45 Auer am Restaurant „De Spackelter“ zu Leideleng an direkt am Uschloss ab 15:00 Auer ass d'Generalversammlung vu
Wikimedia Lëtzebuerg
am Kulturzenter „An der Eech“, och zu Leideleng. Jiddwer Wikipedianer ass häerzlechst agelueden um Wikiiessen, un der Generalversammlung oder u béiden deelzehuelen.
Dës Kéier ass fir d'éischte Kéier d'Erweiderung
CampaignEvents
am Asaz, iwwer déi ee sech fir dat jeeweilegt Evenement umelle kann (
Wikipedia:Wikiiessen 2026
Wikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026
). Organisateure si meng Wéinegkeet an de
Sultan Edijingo
. Wee selwer en Evenement organiséiere well, muss een Administrateur sinn oder zur Benotzergrupp
event-organizer
gehéieren; an déi leschtgenannte Benotzergrupp kann ee vu jiddwer Admin gesat ginn, ouni eng formal Prozedur duerchlafen ze mussen.
Ee Mount virum Wikiiesse maachen ech nach eng Kéier e Reminder a kontaktéieren déi aktiivste Benotzer op der lbwiki.
--
Volvox
Diskussioun
16:26, 4. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Update: D'Generalversammlung gouf op 14:00 Auer virgeréckelt. Kuckt
Wikipedia:De Stamminee#Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg
. --
Volvox
Diskussioun
12:27, 15. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Cheemesch Elementer
Quelltext änneren
Gudde Mëtteg,
Ech hunn eng Infobox mat de Besisinformatiounen fir d'Cheemesch Elementer ugeluecht an d'Këscht och elo am Artikel
Waasserstoff
agebaut. Wann een all d'Artikelen iwwer d'cheemesch Elementer kuckt, gesäit een, datt do sengerzäit ee sech vill Aarbecht gemaach hat fir eng Zort Tabell mat den Eegenschaften unzeleeën. Ier ech elo all Artikel upasse ginn, wollt ech wëssen: soll déi Tabell esou bestoe bleiwen oder ka s'ersat ginn mat engem Bild (Positioun am Periodesystem) esou wéi ech et beim Waasserstoff gemaach hunn? Merci fir Äre Feedback. |
GilPe
Diskussioun
14:25, 7. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Moien,
ech denken d'Tabell z'ersetzten wier déi bescht Léisung.
Mee ass et méiglech dat Bild (vun der Positioun am Periodesystem) an d'Infobox z'integréieren? |
Mobby 12
Diskussioun
18:57, 7. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Okee, ech waarden emol nach wien sech nach vläicht zum Theema mellt.
Esouwäit ech weess, kann ee just 2 Biller an der Këscht abauen (also uewen d'Bild a ënnen d'Scheema); an ech hunn op Wikidata keng Property fonnt, wou d'Bild mat der Positioun am Periodesystem kéint agesat ginn. |
Ech fannen déi Tabell mam Periodesystem an der Positioun vum jeeweilegen Element sollt an der Infobox stoen. E Bild vum Element aus Wikidata an d'Scheema vun den Elektronekusche kann ee jo am Artikel oder eben eent dovunner och an der Box ënnerbréngen. --
Volvox
Diskussioun
19:38, 18. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Merci, jo dat ass eng gutt Méiglechkeet; ech waarden nach op dem @
Marko Kafé
seng Meenung. |
GilPe
Diskussioun
20:06, 18. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Entschëllegt déi spéit Äntwert, mee mir ware am Congé. Ech fannen et eng gutt Iddi, d'Bild vun der Positioun am Periodesystem anzebauen. Daat ass wischtesch, well mir op der WikiCon 2025 diskutéiert hunn, wéi mir Wikipedia op d'Zukunft virbereede kënnen. Vill Leit waren der Meenung, mir sollten méi Biller an aner Mediendateien abannen, well zukennfteg Generatiounen domat am Internet vertraut sinn.
Marko Kafé
13.05, 25. Okt. 2025
Merci
Marko Kafé
. Ech bauen d'Këscht ëm, soubal ech mat mengem aktuelle Projet fäerdeg sinn. |
GilPe
Diskussioun
13:28, 25. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Zuelen
Quelltext änneren
Moien,
do ech an der nächster Zäit geplangt hat, d'Artikele vun den Zuelen auszebauen an eventuell weider Artikelen unzeleeën, hunn ech mir d'Fro gestallt, op et eventuell trotzdeem net besser wier, d'Zuelen am Lemma net méi auszeschreiwen mee als Zuelen dohin ze schreiwen. Bespill: net
Fënnefanzwanzeg
, mee
25 (Zuel)
. A mengen Aeën kéint een d'Zuelen doduerch méi séier fannen...
Wat ass är Meenung dozou? |
Mobby 12
Diskussioun
11:12, 9. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Ech mengen net, datt dat en Ënnerscheed fir d'Fannbarkeet mécht, ob en Artikel elo
25 (Zuel)
amplaz
Fënnefanzwanzeg
heescht, soulaang et eng Viruleedung vu
25 (Zuel)
op
Fënnefanzwanzeg
gëtt (an dat ass bei allen Zuele bis elo de Fall). Mee wann ech
25
an d'Sichfeld aginn, gesinn ech fir d'éischt d'Joer an duerno all Datum, dee mat
25.
ufänkt, dohier schéngt een den Zuelenartikel souwisou net duerch d'Antippe vun der Zuel fannen ze kënnen ouni zumindest bis
25 (
anzetippen. --
Volvox
Diskussioun
12:17, 11. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Jo, do ginn ech dir Recht, fir den Artikel méi séier ze fannen mécht an deem Kontext wéineg Sënn.
Wann een elo awer beispillsweis eng Zuel wéi
zweedausendfënnefanzwanzeg
hätt, hätt ech mir geduecht, datt
2025 (Zuel)
als Lemma besser wier. D'Wuert
zweedausendfënnefanzwanzeg
géif een da jo souwisou an den Artikel schreiwen; Beispill: D'Zuel 2025, ausgeschriwwen, zweedausendfënnefanzwanzeg, ass eng natierlech Zuel asw. |
Mobby 12
Diskussioun
14:08, 11. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Wéi wier et dann, wa mer mol einfach bei de Warscheinlechkeete bleiwen an all déi Zuele vergiessen, déi héchstwarscheinlech ni en Artikel misste kréien.
Dann nach eppes zum Lëtzebuergeschen:
do
ech an der nächster Zäit
ass falsch. Et soll heeschen
well
ech an der nächster Zäit
Dat däitscht Wuert
da
kann als Konjunktioun oder als Adverb gebraucht ginn. Wann et als Abverb gebraucht gëtt dann heescht et op Lëtzebuergesch
do
. Wann et als Konjunktioun gebraucht gëtt dann heescht et
well
(Duden de:
weil
als Synonym vun
da
).
Doriwwer ass de Saz och falsch, well
an der nächster Zäit
ass an der Zukunft, a
geplangt hat
ass an der Vergaangenheet, an dat passt net zesummen (weder am Lëtzebuergeschen nach an enger anerer Sprooch).
Les Meloures
Diskussioun
15:36, 11. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Ech mengen och, mer sollte beim Ausgeschriwwene bleiwen an eng Weiderleedung vun z.
B.
2025 (Zuel)
dohinner maachen. |
GilPe
Diskussioun
16:02, 11. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Okee, merci fir är Äntweren a Meenungen.
Les Meloures
Merci. (Wëll och net bis d'Zuel 2025, mee maximal bis 99 maachen. Méi brauch een och wierklech net.) |
Mobby 12
Diskussioun
19:26, 11. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Virtrag op der AdminCon 2026 iwwer d'lbwiki?
Quelltext änneren
Gudde Mëtteg Administrateuren an alleguer,
et steet d'Iddi am Raum op der
AdminCon 2026
(30.01.-01.02. zu Bremen) e klenge Virtrag iwwer d'Administratorentätegkeet op der lëtzebuergescher Wikipedia ze halen. De Gedanken dohannert ass et, datt d'Lëtzebuerger an déi Däitschsproocheg sech austausche kënnen iwwert déi ënnerschiddlech Praktiken an Erausfuerderunge vun den Administrateuren op der lbwiki an der dewiki, déi (warscheinlech) gréisstendeels duerch de risege Gréisstenënnerscheed bedéngt ass. Ech denken, datt dobäi haaptsächlech mir vun der dewiki hirer Erfarung profitéiere kënnen; mee dofir muss een hinnen ee Bild vun eiser Situatioun ginn. Dofir wollt ech hei Punkte sammelen, déi een an esou engem Virtrag behandele kéint. Schreift gär Är Iddien hei ënnendrënner. --
Volvox
Diskussioun
20:29, 30. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Entwécklung vun der Administratorenzuel iwwer d'Zäit, falls déi Informatioune rekonstruéiert kënne ginn, an dat virum Hannergrond vun der Gesamtbenotzerzuel.
Am Archiv vun der Communautéitsäit/Aktuelles misst dat ernimmt gi sinn. --Z.
Walmechanismus a Krittäre fir Administratore beschreiwen.
D'lbwiki huet kaum formaliséiert Richtlinnen, déi Reegelen opstellen, wéi en Admin seng erweidert Rechter benotzen däerf oder soll. Et huet sech eng informell Praxis entwéckelt, wou éischter d'Gewunnechtsrecht gëllt, wéi geschriwwe Reegelen.
Kuckt mäi Commetaire ënnendrënner --Z.
Läschen: Mir hu Reegelen fir d'Läsche vu Säiten no Ofstëmmung (och wann d'Delaie vum Ofstëmmen net ëmmer agehale ginn), mee wat d'Direkt-läschen (resp. Schnellläschen) ugeet, hu mer zwar eppes ales opgeschriwwen, mee dat huet guer näischt mat der vill méi wäit goender Praxis vum direkt läschen ze dinn huet. De Mangel u Riichtlinnen ass eppes, wat mer opschaffe mussen, mee et feelt eis och u Prozedure fir Riichtlinne verbindlech z'erstellen.
Wat géif bei eis am Fall vun Admin-Abus geschéien? Weess do een, ob resp. wat et an der Vergaangenheet fir Fäll gouf a wéi domat ëmgaange gouf?
Ee Fall vun 2008; hie krut vun engem Stewart d'Rechter entzunn. Kuck:
Wikipedia:De_Stamminee/Archiv2008/Juni#Amoklaf_hënnt
Mir si manner mat Vandalismus konfrontéiert (well mer e manner attraktiivt Zil sinn?). Hei kéint ee Benotzer-/IP-Späre pro Zäiteenheet absolut a relativ op der lbwiki mat der dewiki vergläichen, oder de Grad vum Réckgängeg maachen; wéi vill geläscht gëtt, seet net vill aus, well dat meeschtens net vu Vandalismus kënnt; eventuell Säiten, déi geschützt sinn; eng Versioun geläscht gouf laut dem Robby just eemol an der Geschicht vun der lbwiki.
Eng Problematik, déi mer och idealerweis prophylaktesch mat Reegelen encadréiere sollten, ass déi, wa Leit insistéieren, dass Artikelen iwwer si solle geännert/gekierzt/ganz geläscht ginn, mat der Grondsätzlecher Fro vun der Definitioun vun allgemengem Intressi vs. Perséinlechkeetsrechter (do hat sech d'Dateschutzkommissioun schonn eng Kéier ageschallt - kuckt d'Causa "v. T.") --Z.
Mir si sou kleng, datt et theoreetesch méiglech ass, datt een d'Rezent Ännerunge komplett duerchgeet, wat op grousse Wikie warscheinlech net machbar ass, wou deemno méi onkonstruktiv Kontributiounen iwwersi gi kéinten? Et kéint een uginn, wéi vill nei Ännerunge mer am Schnëtt pro Zäiteenheet hunn.
Et kéint een och eppes iwwer den Zougrëff op de MediaWiki-Nummraum a Konfiguratiouns-Spezialsäite soen a wat fir een Notze vun deene Méiglechkeet mir maachen.
--
Volvox
Diskussioun
20:35, 30. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Grondsätzlech sollt een déi Presentatioun an de méi allgemenge Kader 'framen', wat eng 'kleng' vun enger 'grousser' Wiki ënnerscheet, d.h., wat fir Froen a Méiglechkeeten sech duerch déi/wéinst der respektiv(er) Gréisst stellen - oder och net. Aner Wikie vun änleche Gréisst si warscheinl. mat deene selwechte Froe konfrontéiert. Dat relativéiert dann och déi Probleematike vun eiser.
An dann och e puer Wuert iwwer d'Partikularitéit vun der Méisproochegkeet, d.h, 99,9
% déi Lëtzebuergesch liesen a schreiwe kënnen. kënnen och op d'mannst eng aner Sprooch, an dâr se schreiwe kéinten, a wat dat op Artikelauswiel, Prioritéiten asw. bedeit.
... a wa mer scho bei de méi allgemengen Theme sinn: Wat maache mat Maschinneniwwersetzungen, déi ëmmer méi heefeg optauchen, an déi de Leit, déi sech ëm Qualitéitssécherung këmmeren, d'Liewen net onbedingt méi einfach maachen?
--
Zinneke
Diskussioun
13:24, 6. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentaren
Quelltext änneren
Merci fir déi Kompilatioun!
E puer Commentairë vu mir:
Nieft faktuelle Beschreiwunnge wërfs d'eng Rëtsch Froen op, déi sech doraus erginn. Ech giff dofir proposéieren, méi däitlech ze differenzéieren tëscht Punkten, déi an engem Exposé virun internationalem Publikum ernimmt an/oder beschriwwe ginn, an, bei verschiddenen dovun, den operative Konklusioune déi sech doraus fir eis hei giffen erginn; an déi tëschent eis diskutéiert, ma net onbedingt an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt sollt ginn. Ech mengen domat z.B. déi Saachenn, wou et éischter Gewunnechte wéi niddegeschriwwe Reegele sinn, déi d'Saach um Rullen halen: Hei wier et gutt, an eegenen Diskussiounen ze kucken, wéi dat leeft, wat d'Vir- an Nodeeler sinn, an ob een dat misst duerch eng méi streng Formaliséierung ersetzen, oder och net, a wa jo, wéi déi soll ausgesinn. Dast ass e Batz Aarbecht déi mer Stéck fir Stéck sollen ugoen, ma wéi gesot net engem externe Public souzesoen zur Diskussioun ginn, ier mer eis selwer dermat ausernee gesat hunn.
Zinneke
Diskussioun
11:40, 6. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Virtrag ugeholl
Quelltext änneren
Ech wollt Bescheed soen, datt de Virtrag offiziell op de Programm gesat gouf an den 31. Januar vun 9:15 bis 9:30 Auer wäert sinn:
de:Wikipedia:AdminConvention 2026/Themen
--
Volvox
Diskussioun
17:00, 5. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Slides
Quelltext änneren
An hei nogedroen
d'Slides
vum Volvox sengem Virtrag. --
Zinneke
Diskussioun
21:13, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Merci fir d'Deele vum Link! Fir de Kontext hei nach de
Programm
vun der AdminCon 2026, vun deem aus een och op all déi aner Säite kënnt. Natierlech hunn ech op der Plaz och e bësse méi erzielt, wéi op de Slidë steet. Mee réckbléckend am Beschte fir mech un der AdminCon war, datt ech do liicht mat Leit an d'Gespréich komm sinn, wat natierlech doduerch bedéngt war, datt ech relativ um Ufank de Kuerzvirtrag gehalen hunn an d'Leit deemno eppes mat mir unzefänke wossten, awer och well d'AdminCon weesentlech méi kleng am Kader ass wéi eng WikiCon oder eng Wikimania. Ech kann den Interesséierten d'AdminCon 2027 also just un d'Häerz leeën! Wee sech allerdéngs méi fir aner Theemen interesséiert wéi just fir adminspezifescht Geschier, deen ass natierlech besser bedéngt mat enger
WikiCon
oder enger
Wikimania
(déi nächst ass Enn Juli zu Paräis! Méi no kënnt se warscheinlech net méi). Ech gouf och mat enger Rei vun Iddie geimpft, déi ech, sou wéi et sech ergi wäert, hei an/oder um Wikiiessen/Generalversammlung zur Sprooch brénge wäert. --
Volvox
Diskussioun
21:44, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Migration zu Parsoid
Quelltext änneren
Lies dies in einer anderen Sprache
Hallo zusammen! Ich freue mich, euch mitteilen zu können, dass als nächster Schritt des Projekts
Parser-Vereinheitlichung
Parsoid bald als Standard-Renderer für Artikel in deinem $wiki aktiviert wird. Wir erhöhen schrittweise die Anzahl der Wikis, die Parsoid verwenden, mit der Absicht, es zum Standard-Wikitext-Parser für die nächste langfristig unterstützte Version von MediaWiki zu machen. Dadurch werden unsere Wikis für Autoren, Leser und Tools zuverlässiger und konsistenter und die Entwicklung zukünftiger Wikitext-Funktionen wird einfacher.
Wenn dies deinen Arbeitsablauf stört, mache dir keine Sorgen! Du kannst dies immer noch über eine Benutzereinstellung deaktivieren oder Parsoid auf der aktuellen Seite über das Werkzeuge-Untermenü deaktivieren, wie in der Dokumentation zur
Erweiterung:ParserMigration
beschrieben.
Es stehen
weitere Informationen zu unserer Einführungsstrategie
zur Verfügung, einschließlich der Tests, die durchgeführt werden, bevor wir Parsoid für ein neues Wiki aktivieren.
Um Fehler und Probleme zu melden, sieh dir bitte unsere Dokumentation zu
bekannten Problemen
an und wenn du einen neuen Fehler findest, erstelle bitte ein Phab-Ticket und markiere das
Team Content Transform im Phabricator
Content Transform Team
21:43, 28. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
(Diese Nachricht wurde an
Wikipedia:De Staminee
gesendet und wird aufgrund einer Weiterleitung hier veröffentlicht.)
Komma bei Referenzen ewechloossen
Quelltext änneren
Ech proposéieren, datt mer den héichgestallte Komma bei méi Referenzen hannerteneen ewechloossen. Konkreet schwätzen ech vum
{{,}}
, deen a Fäll wéi deem heite gesat gëtt:
Wikipedia ass eng EnzyklopedieQuell 1{{,}}Quell 2.
→ Wikipedia ass eng Enzyklopedie
Quell 1
Quell 2
Amplaz wéilt ech einfach dat heiten:
Wikipedia ass eng EnzyklopedieQuell 1Quell 2.
→ Wikipedia ass eng Enzyklopedie
Quell 1
Quell 2
Grënn fir d'Ewechloossen
De Komma féiert zu Feeler bei allméiglechen Geschier, dat den Artikelufank scannt fir eng Zesummefaassung unzeweisen. Dobäi ginn nämlech Referenzen (an alles tëscht Klammeren etc.) ewechgelooss, mee den
bleift dann isoléiert am Saz stoen. Dat betrëfft zum Beispill d'Linkvirschau, déi een ugewise kritt, wann ee mat der Maus iwwer ee Link fiert, oder an der Wikipedia-App, wärend een eng Artikelbeschreiwung derbäisetzt. Wee sech en Androck dovunner maache wëll, kann dat liicht ausprobéieren.
Ech denken datt keen, deen et net scho weess, déi speziell Kommaschabloun vu sech aus setzt. Et muss een et also schonn enzwousch gesinn an ofgekuckt oder gesot kritt hunn, fir dat systematesch ze maachen. Dat féiert vum selwen zu enger oneenheetlecher Praxis, déi da vun deene korrigéiert muss ginn, déi „wëssen“, datt do ee Komma higehéiert.
Et ass beim Schreiwen en zousätzlechen Opwand, deen a mengen Aen net wierklech eppes bréngt.
Den éischtgenannte Grond ass a mengen Aen dee wichtegsten an d'Ursaach, firwat ech proposéieren déi duerch d'Praxis begrënnt Reegel, datt e Komma kënnt, duerch déi ënner
Hëllef:Referenzen
néierzeschreiwend Reegel z'ersetzen, datt kee kënnt.
Grënn fir d'Bäibehalen
Villäicht fanne verschidde Leit et mat Komma méi schéin? Fir Grënn fir d'Behale freet ee besser déi Leit, déi d'Praxis agefouert hunn.
Dir gesitt, ech sinn net ganz neutral, mee ech weess wierklech net, firwat mir dee Komma setzen –ech hunn op allefall näischt fonnt ausser
Schabloun:,/doc
–; do kann ech also net vill schreiwen.
Wéi maachen déi aner Wikien et?
Op der dewiki an der enwiki gëtt kee Komma gesat. Op der frwiki gëtt ee gesat, mee do gëllt
fr:Wikipédia:Résumé introductif#Références
, d.
h. et soll een am
Résumé introductif
evitéiere fir Referenzen ze setzen (mat der Begrënnung, datt an der Aleedung näischt stoe soll, wat net spéider am Artikel developpéiert an do mat Referenze beluecht gëtt). Domat gëtt mäin Haaptgrond géint de Komma – nämlech datt et an der Aleedung zu Feeler am Affichage féiert – evitéiert. Op der lbwiki ass déi Riichtlinn awer net praktikabel, well mir grad am éischte Saz oft souguer déi meeschte Referenzen hunn (Gebuerts- an Doudesdonnéeën …), och well d'Artikele meeschtens net grouss genuch sinn, fir alles nach eng Kéier an engem aparten Abschnitt breet ze trëppelen.
Dat meng Argumentatioun. Sot mer Är Meenung.
--
Volvox
Diskussioun
21:11, 6. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Ech hu
Hëllef:Referenzen
mol an d'Géigewaart bruecht. Zur Kommaugeleeënheet hunn ech awer nach näischt Siichtbares geschriwwen (just am Beispill hunn ech en net gesat). --
Volvox
Diskussioun
22:00, 6. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Fir et kuerz ze maachen: 'T ass mir ees wéi ees; eng minimal Preferenz fir dee Komma aus esteetesche Grënn (da kludderen déi eckeg Klameren net sou uneneen), ma wann et aner Grënn dergéint ginn - keen Drama. --
Zinneke
Diskussioun
08:41, 7. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Perséinlech gesinn ech kee praktesche Wäert bei deem Komma. --
Les Meloures
Diskussioun
10:34, 7. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Ech hunn de Komma meeschtens net gesat, ganz einfach well et et vergiess hunn… an et gefält mer iwweregens och besser (ganz perséinlech Meenung) wa kee Komma tëscht de Klamere steet
;-) Vu mir aus kann en deemno fort! |
GilPe
Diskussioun
13:46, 7. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Loosse mer dee Komma eweg, deen a mengen An kee weideren Notzen huet.--
Sultan Edijingo
Diskussioun
14:26, 7. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Gesinn et genee esou, de Komma ka fort. |
Mobby 12
Diskussioun
15:11, 7. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Majo tipptopp a Merci fir de Feerback! Dann ass d'Lag jo relativ kloer. Op
Hëllef:Referenzen#Méi Referenzen op enger Plaz
steet lo explizitt, datt ee kee Komma oder soss Trennzeeche setze soll. Da schécken ech mäi Bot lo op grouss Missioun.
Fir d'Frënn vun den Zuelen: Stand elo gouf d'Variant mat Komma op
1.781
Säiten (Sich mat
insource:/\>\{\{,\}\}\) an d'Variant ouni Komma op
1.458
Säiten (Sich mat
insource:/\>\) benotzt. Dobäi feelen natierlech Varianten, wou z.
B. ee Leerzeichen nach enzwousch steet etc.
--
Volvox
Diskussioun
17:57, 7. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Koordinaten
Quelltext änneren
Moien alleguer,
Wéi et schéngt fonctionéiert de Geohack net méi wann een a senge Sproochastellunge Lëtzebuergesch huet. Wees do ee méi firwat dat ass, a wéi dat ka behuewe ginn? --
Les Meloures
Diskussioun
18:29, 15. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Moien. Ech hunn och festgestallt, datt et net méi funktionéiert wann ech ageloggt sinn (ech hunn och lb als Sprooch agestallt). D'Feelermelduzng déi kënnt ass: „Dës Säit huet aktuell keen Text. Dir kënnt op anere Säiten no dësem Säitentitel sichen, an den entspriechende Logbicher nokucken oder dës Säit uleeën.“ Ouni sech anzeloggen oder mat den Astellungen an enger anerer Sprooch klappt et. |
GilPe
Diskussioun
07:47, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
GilPe
Wat gesäis du dann, wann s de ausgeloggt bass oder eng aner Sprooch am Interface hues? Bei mir klappt et nämlech och dann net. --
Volvox
Diskussioun
16:22, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Esoubal ech eng Sprooch astellen déi net-Lëtzebuergesch ass (oder net ageloggt sinn, dann ass d'Sprooch d'office
en
), klappt et normal, d.
h. ech kréien d'GeoHack-Säit. |
GilPe
Diskussioun
16:54, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Normalerweis gëtt d'Ausgesi vu GeoHack fir eng Sprooch duerch Schablounen op der jeeweileger Wikipedia festgeluecht. Därer hu mer keng a laut
mw:GeoHack
misst deemno den englesche Layout gräifen. Dat ass awer net méi geschitt a wärend ech dat heiten tippen, gesinn ech, datt GeoHack elo guer net méi erreechbar ze si schéngt (
404 Not Found
), och net op de oder en. Et schéngt also e Problem mam Tool selwer ze sinn. --
Volvox
Diskussioun
22:00, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Ech gesinn zwee Weeër:
Mir leeën eng Schabloun mam Numm
GeoTemplate
un, déi den Inhalt vun deem, wat op
GeoHack
(hei mat Beispillkoordinaten) gewise gëtt, definéiert. Dobäi kënne mer eis un
en:Template:GeoTemplate
oder
de:Vorlage:GeoTemplate
inspiréieren. Dat ass de proppere Wee a sou, wéi et geduecht ass.
Mir leeden d'GeoHack-Linken, déi iwwer
wikidata
generéiert ginn (dat dierften déi meeschten an eisen Infoboxschabloune sinn), explizitt op déi englesch (oder däitsch oder ...) Versioun ëm. --
Volvox
Diskussioun
19:35, 18. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Souwäit wéi ech gesinn schéngt et elo rëm ze fonctionéieren. D'Iddi datt et e generelle Problem mam
Tool
war schéngt deemno richtegt gewwiescht ze sinn. --
Les Meloures
Diskussioun
11:17, 19. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Ps: Iertum mengersäits, de Problem besteet weider bei de Wäerter déi vu Wikidata kommen. Do wou se manuell agesat goufen, besteet de Problem net.--
Les Meloures
Diskussioun
11:22, 19. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Zürech oder Zürich?
Quelltext änneren
Moien,
Ech beschäftege mech momentan mat Schwäizer Artikelen. D'Fro déi ech mer stellen: schreiwe mer Zür
ch oder Zür
ch? (momentan ass de gros op der lb.wiki
Zürich
). Well mer jo awer gemenkerhand och
Oochen
an net
Aachen
schreiwen, wär ech och fir d'Variant
Zürech
. Wat mengt d'Communautéit? |
GilPe
Diskussioun
21:52, 15. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Naiv gefrot: Ass „Zürech“ wierklech verbreet oder etabléiert am Lëtzebuergeschen? Ofgesi vun de „Lëtzebuerger Studente vun Zürech“ fannen ech net direkt Beispiller. Virun dengem Message hei hät ech mech net mol gefrot, ob et eng Alternativ zu „Zürich“ gëtt, mee dat seet villäicht méi iwwer mech aus wéi iwwer d'Sprooch. --
Volvox
Diskussioun
07:53, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Idem Volvox. Ech hu beim googelen nach just d'Schreifweis
Zürech
bei Medie fonnt, déi bekannt sinn, fir net dat bescht Lëtzebuergesch vu sech ze ginn. --
Les Meloures
Diskussioun
08:13, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Fir mech ass "Zürech" de lëtzebuergeschen Numm, deen ech selwer och géif benotzen, an "Zürich" eben den Originalnumm. --
MMFE
Diskussioun
08:22, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
PS. Ech géif mol soen datt wa mer keen honnertprozentege Beleeg hunn, datt dat eent méi heefeg gebraucht gëtt wéi dat anert, da solle mer den Originalnumm als Lemma huelen, mat deem si mer mol op jiddwerfall ëmmer richteg. --
Les Meloures
Diskussioun
12:14, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Ech hunn elo nach e bësse gesicht a fannen
Zürech
nieft dem Studenteclub och nach vereenzelt beim 100,7 an RTL. An der Logik vu Garnich → Garnech, Gasperich → Gaasperech oder Hollerich → Hollerech kann et awer net ganz falsch sinn; ech sinn awer domat averstanen, datt mer bei
Zürich
bleiwen, well et effektiv néierens beluecht ass. |
GilPe
Diskussioun
12:54, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Moien, ech schloen "Zürich" als Lemma fir Stad a Kanton vir, mat "Zürech" tëscht Klameren am Aféierungssaz):
Zürich
(geleeëntl. op Lëtzebuergesch
Zürech
) ass eng Stad/e Kanton ...
"Zürech" schéngt mer éischter eng net richteg gefestegt Niewevraint ze sinn. --
Zinneke
Diskussioun
14:24, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
25 Joer
Quelltext änneren
Just fir et och hei festzehalen: De 25. Gebuertsdag (15. Januar 2026) vun der Wikipedia gouf a sëllege Medien uechter d'Welt thematiséiert. Zu Lëtzebuerg hunn der hirer dräi prominent doriwwer bericht, andeems s'och spezifesch op déi Lëtzebuergesch Versioun agaange sinn. 3 Membere vu Wikimedia Lëtzebuerg stounge fir Interviewe bereet (Kuckt:
Wikipedia:Presserevue
).
--
Zinneke
Diskussioun
14:31, 16. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Historique vun den Administrateuren
Quelltext änneren
Salut, ech hunn als Virbereedung fir de Virtrag op der AdminCon nogesicht, wien zu wat fir enger Zäit Admin op der lëtzebuergescher Wikipedia war, an dat hei zesumme gedroen:
Benotzer:Volvox/Historique vun den Administrateuren
Fir z'evitéieren, datt ech aus iergendwelleche Grënn gewëssen Adminen net fonnt hunn: Kënnen d'Wikipedianer vun der éischter Stonn mer soen, ob hei ee feelt? --
Volvox
Diskussioun
22:03, 18. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Et huet op allefall soss kee wéi d'Briséis an de Cornischong eng Säit geläscht, éint d'Logbuch vun de Benotzerrechter gegraff huet. Also ginn ech dovunner aus, datt et se all sinn.
Den Historique steet lo op
Wikipedia:Administrateuren#Historique vun den Adminen
D'Interface-Adminen a Bürokraten hunn och hiren Historique kritt:
Wikipedia:Interface-Administrateuren#Historique vun den Interface-Adminen
Wikipedia:Bürokraten#Historique vun de Bürokraten
--
Volvox
Diskussioun
23:34, 23. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
„Easter Eggs“ fir 25 Joer Wikipedia
Quelltext änneren
Ech sinn dorop gestouss, datt et fir 25 Joer Wikipedia eng
Easter-Egg-Campagne
gëtt, déi de 16. Februar bis de 16. Mäerz 2026 lafe soll. Dat ass eng kleng Spillerei, wou op vereenzelten Artikele jee no Theema e passende Beebee-Globus gewise gëtt, deen eppes mécht, wann een en uklickt.
Wa mir dëse sougenannte „Gebuertsdagsmodus“ op der lbwiki wëllen hunn, brauche mer de Konsens vun der Communautéit a kënnen dann ufroen, datt mer de Gebuertsdagsmodus hei zur Verfügung gestallt kréien. Doropshi kënne mir (resp. Adminen) selwer iwwer d'Spezialsäite vun der Community Configuration festleeën, op wat fir Säiten iwwerhaapt ee Beebee-Globus gewise soll ginn a wat fir een dat da soll sinn. Ausserdeem kënne mir selwer d'Astellung maachen a spéider änneren, ob de Gebuertsdagsmodus
opt-out
ass (also datt all Lieser déi verstreete Beebee-Globusse gesäit, et sief dann en deaktivéiert de Modus) oder
opt-in
(et gesäit kee Lieser d'Beebee-Globussen, et sief dann e géif de Modus explizitt aktivéieren).
Ech fannen dat eng witzeg Spillerei, déi keng Méi mécht (ech hunn déi néideg Interface-Messagë schonn all iwwersat a „Wëllkomm op der Wikipedia“ op Lëtzebuergesch als Audio-Fichier opgeholl – de Beebee-Globus schwätzt och heiansdo), a géif dat flott fannen, wa mer dat hei ee Mount laang hätten. Mir kënne jo mol mat der
Opt-In
-Versioun starte fir ze kucken, ob et éischter flott oder nerveg ass, an da jee nodeems d'Palett erweideren oder de Beebee-Globus ganz ofschalten.
Wat sot Dir dozou:
Sidd dir dofir, datt ech ufroen, datt mir d'Erweiderung
WP25 Easter Eggs
op der lëtzebuergescher Wikipedia installéiert kréien?
--
Volvox
Diskussioun
16:27, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Ech sinn natierlech dofir, dofir hunn ech jo gefrot.
;-) --
Volvox
Diskussioun
16:30, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Weess net richteg wéi et funktionéiert, mä komm, mir probéieren dat emol aus |
GilPe
Diskussioun
17:07, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Net grad Ménges, mee firwat net. --
Zinneke
Diskussioun
17:26, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
wéi den Zinneke hei driwwer. --
Cayambe
Diskussioun
21:43, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
mol probéieren --
MMFE
Diskussioun
23:07, 9. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Mobby 12
Diskussioun
09:52, 10. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Robby
Diskussioun
11:54, 10. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Kommentar
Well et net méi laang bis de 16. Februar ass, hunn ech elo schonn op
meta:Talk:Wikipedia 25/Easter egg experiments#Enable on Luxembourgish Wikipedia
op dës Ofstëmmung verlinkt a gefrot fir de Gebuertsdagsmodus
opt-in
z'aktivéieren. --
Volvox
Diskussioun
22:42, 10. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Update
Quelltext änneren
Den Gebuertsdagsmodus gouf op den Zäitraum vum 23. Februar bis de 6. Abrëll no hanne geréckelt, fir nach kënnen deen een oder anere Problem ze behiewen. D'Funktioun kann awer schonn ab dem 16. Februar hei getest ginn, allerdéngs net standardméisseg fir all Benotzer aktiv (wat mer jo souwisou fir d'éischt emol net wëllen). Et gëtt och elo eng Lëscht, op wat fir Säite wat fir ee Beebee-Globus optaucht:
meta:Wikipedia 25/Easter egg experiments/article configuration
Ënner
Spezial:CommunityConfiguration/WP25EasterEggs
kann all Admin de Gebuertsdagsmodus konfiguréieren.
Hei kann een alles noliesen:
meta:Wikipedia 25/Easter egg experiments#Go-live date and configuration update – 12 Feb
. --
Volvox
Diskussioun
22:46, 15. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Lo, wou en aktiv ass: De Gebuertsdagsmodus kann all Benotzer, dee wëll, selwer aktivéieren, andeems een en an den Astellunge vum Ausgesinn – dat ass dee „Brëll“ uewe riets nieft dem Benotzernumm, wou een och d'Schrëftgréisst, d'Breet an d'Faarfscheema astelle kann – aktivéiert. Da kënnt riets iwwer d'Geschierkëscht eng thematesch passend Globusanimatioun, wann een op bestëmmten Artikele geréit. --
Volvox
Diskussioun
13:05, 16. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg
Quelltext änneren
Gudde Mëtteg alleguer,
wéi all Joer invitéiere mir op eist traditionellt Wikiiessen, wat dëst Joer samschdes, de 7. Mäerz, vun 11:45 Auer un zu Leideleng am Restaurant „De Spackelter“ ass. Hei kënne sech all Wikipedianer treffe fir gemittlech zesummen e Maufel z'iessen a sech iwwer Erfarungen, Problemer oder Projeten op der Wikipedia auszetauschen. Et ass och eng gutt Geleeënheet fir aner Wikipedianer perséinlech kennenzeléieren.
Nom Iessen ass ab 14:00 Auer d'Generalversammlung vu
Wikimedia Lëtzebuerg
zu Leideleng am Kulturzenter „An der Eech“, op déi och jiddereen – ob Member vu Wikimedia Lëtzebuerg oder net – häerzlechst invitéiert ass.
Umeldung
: Fir d'Wikiiessen kann ee sech iwwer d'Säit
Wikipedia:Wikiiessen 2026
umellen a fir d'Generalversammlung iwwer d'Säit
Wikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026
. Alternativ kann ee sech och mat engem Kommentar hei drënner umellen; ech setzen déi Leit da bei déi offiziell Umeldungen iwwer déi zwou Evenementssäiten derbäi. Mellt iech wgl. bis
spéitstens den 02.03.
u fir d'Reservatiounen!
--
Volvox
Diskussioun
12:26, 15. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Schéine gudde Moien.
Heimat mellen ech mech fir d’Wikiiesesen an d’Assemblée Générale 2026 un. Ech kommen och dëst Joer mam Zuch op de Leidelenger Gare.
Villmoos Merci
Marco Braun
Weider Deletion requests op Commons
Quelltext änneren
Salut,
De User A1Cafel wütet weider zu Lëtzebuerg op Commons.
Hien huet elo en Deletion request gesat fir d'Biller op
Commons:Deletion requests/Files in Category:Centre Hamilius
Op der Säit hunn ech e
Keep!
gesat mam Zousaz:
Do not delete these files. The building was demolished in 2015; it no longer exists. See here:
Ob dat hëlleft weess ech awer net. BG, --Cayambe (talk) 22:17, 23 March 2026 (UTC) This page was last edited on 23 March 2
Cayambe
Diskussioun
18:26, 24. Mäe. 2026 (UTC)
äntweren
Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch fir Wikimedia Lëtzebuerg
Quelltext änneren
Stellvertriedend fir
all
Mataarbechter op dëser Wikipedia-Versioun a Lëtzebuerger Sprooch gëtt Wikimedia Lëtzebuerg asbl dëst Joer mam
Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch
ausgezeechent.
Déi offiziell Zeremonie ass de 5. Mee 2026 um 19 Auer an der Nationalbibliothéik.
Jiddereen ass häerzlech invitéiert; Méi Informatioune fënnt een, a umelle kann ee serch,
HEI
(Communiqué op bnl.public.lu, 27.03.2026).
--
Zinneke
Diskussioun
15:20, 27. Mäe. 2026 (UTC)
äntweren
Grofschaft oder County?
Quelltext änneren
Gudde Mëtteg,
Beim Iwwerschaffe vum
Kenia
sinn ech op déi administrativ Andeelung vum Land a „Counties“ gefall. Ech stelle mer elo d'Fro op mer bei der anglophoner Form vu
County
bleiwe sollen oder awer „Grofschaft“ huele sollen (dat ass dem LOD no d'Iwwersetzung vu County). Déi Däitsch huele „County“ an d'Fransousen „Comté“.
An déi déi aner Fro: ass et fir de Lemma éischter „County / Grofschaft Kakamega“ oder „Kakamega County / Grofschaft“ (also den Numm vir oder hannen)? Well mer normalerweis och Provënz xy hunn, géif ech mengen, datt „County / Grofschaft Kakamega“ besser wär.
Wat mengt Dir? |
GilPe
Diskussioun
14:47, 2. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Ausser de Countien an England, wat gewuessen traditionell Grofschafte waren, géif ech fir all déi aner County virzéien. --
Les Meloures
Diskussioun
14:59, 2. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Moien, ech halen et mam Les Meloures: well 'Grofschaft' eng eendeiteg historesch Bedeitung huet, géif ech do (an englesch beaflosste Länner), wou et am iwwerdroene Sënn fir eng administrativ Andeelung gebraucht gëtt (am Sënn vun Arrondissement, Kanton o ä.) d Wuert am Original als Terminus techniczs benotzen (also County ).
Zinneke
Diskussioun
15:10, 2. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Okee, da leie mer op enger Linn. Merci |
GilPe
Diskussioun
12:42, 3. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Inhaltsiwwersetzung limitéieren op (automatesch) confirméiert Benotzer
Quelltext änneren
Ech proposéieren, de Gebrauch vum Tool „
Inhaltsiwwersetzung
“ (
mw:Content translation
) op automatesch confirméiert a confirméiert Benotzer anzeschränken.
Wat heescht dat?
Quelltext änneren
D'„Inhaltsiwwersetzung“ ass en Interface fir Wikipedia-Artikelen tëscht verschiddene Sproochversiounen z'iwwersetzen. Et ginn och Maschinneniwwersetzungen ugebueden.
E Benotzer gehéiert op der lbwiki zur Benotzergrupp vun den automatesch confirméierte Benotzer (
autoconfirmed
), wann e säit mindestens 4 Deeg ugemellt ass
. Et kéint een och envisagéieren, eng Mindestännerungszuel vun 10 oder 5 ze fuerderen, wéi dat op enger Rei anere Wikien de Fall ass.
E Bürokrat kann ee Benotzer, deen d'Bedingunge vum automatesch confirméierte Benotzer nach net erfëllt, och manuell an de Benotzergrupp vun de confirméierte Benotzer (
confirmed
) setzen, deen déi selwecht Rechter mat sech bréngt.
Cf.
Special:UserGroupRights
Op
liest een ënner
wgAutoConfirmAge
'default' => 4 * 3600 * 24
a keng Iwwerschreiwung fir lbwiki, souwéi ënner
wgAutoConfirmCount
'default' => 0
a keng Iwwerschreiwung fir lbwiki.
Firwat?
Quelltext änneren
Duerch d'Maschinneniwwersetzung vun der „Inhaltsiwwersetzung“ ass d'Hemmschwell zimmlech niddereg fir schlecht Iwwersetzungen op der lbwiki ze maachen, och fir Benotzer, déi hei nach ni eppes geännert hunn an eventuell mat der Sprooch net vill um Hutt hunn. Doduerch, datt dat Geschier u gewësse Bedingungen gebonne géif ginn, déi awer relativ schwaach sinn, géif d'Warscheinlechkeet méi kleng ginn, datt Leit ouni Effort schlecht Iwwersetzungen uleeën, ouni datt et eng Aschränkung fir seriö Benotzer wier, déi scho säit méi wéi 4 Deeg derbäi sinn. Déi aner Méiglechkeet wier, alles un Iwwersetzungen eranzeloossen an ze hoffen, datt ee sech fënnt fir d'Artikelen an d'Rei ze setzen, éint se geläscht ginn.
Déi rezent Artikelen, déi iwwer d'„Inhaltsiwwersetzung“ ugeluecht goufen, kann een hei nokucken:
Wéi?
Quelltext änneren
Am Aklang mat
meta:Requesting wiki configuration changes
géif ech op
Phabricator
en Ticket opmaachen a mat Verweis op dës Ofstëmmung – falls se favorabel ass – déi néideg Ännerungen ufroen.
--
Volvox
Diskussioun
13:23, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
, well et mäi Virschlag ass. --
Volvox
Diskussioun
13:24, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
mat der Propos fir d'Zuel vun de Mindestännerunge wa méiglech op d'mannst op 20 ze setzen. --
Les Meloures
Diskussioun
13:35, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
15:35, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
| Komm mer probéieren emol mat 10 Ännerungen. |
GilPe
Diskussioun
16:54, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Zinneke
Diskussioun
18:43, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kommentar
Hei den Ticket
T423100
, deen ech opgemaach hunn. --
Volvox
Diskussioun
09:13, 13. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Mindestens 10 Ännerunge fir automatesch confirméierte Benotzer ze ginn
Quelltext änneren
Wéi ënner
#Inhaltsiwwersetzung limitéieren op (automatesch) confirméiert Benotzer
ernimmt, gëtt een op der lbwiki an d'Benotzergrupp vun den automatesch confirméierte Benotzer (
autoconfirmed
) gesat (cf.
Special:UserGroupRights
fir déi entspriechend Rechter ze gesinn), wann de Benotzerkont 4 Deeg al ass, ouni datt een eng Mindestzuel vun Ännerunge gemaach muss hunn. Et schéngt mer awer absurd, engem Benotzer gewëss Rechter ze ginn, just well e véier Deeg gewaart huet; dat seet näischt doriwwer aus, ob e konstruktiv gesënnt ass oder net, respektiv ob en eens gëtt oder net. Dofir proposéieren ech op
Phabricator
unzefroen, datt ee Benotzer och mindestens 10 Ännerunge gemaach muss hunn, fir automatesch confirméiert ze ginn. --
Volvox
Diskussioun
13:44, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Volvox
Diskussioun
13:45, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kommentar
Ech gesinn, datt de @
Les Meloures
hei driwwer vun enger Mindestzuel vun Ännerunge vun 20 geschriwwen huet. Dat ass natierlech eng Fro vum Ofweien. A mengen Aen sollten et sou vill Ännerunge sinn, datt ee gesäit, ob de Benotzer konstruktiv ass an eenegermoossen eens gëtt, awer net méi wéi néideg, fir kee motivéierten Neien onnéideg ze blockéieren. Ech hat lo einfach mol 10 virgeschloen ... --
Volvox
Diskussioun
13:48, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kann och vläicht duergoen, an da gesäit ee jo a sengen Editen wat mat em lass ass. --
Les Meloures
Diskussioun
14:05, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
GilPe
Diskussioun
16:55, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Zinneke
Diskussioun
18:46, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Mobby 12
Diskussioun
18:58, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kommentar
Hei den Ticket op Phabricator, deen ech opgemaach hunn
T423102
. --
Volvox
Diskussioun
09:22, 13. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Cayambe
Diskussioun
09:28, 13. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Les Meloures
Diskussioun
09:41, 13. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
Bdx
Diskussioun
12:17, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
--
MMFE
Diskussioun
15:56, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kommentar
D'Ännerung misst elo ëmgesat sinn. Den Ticket gouf zwar nach net zougemaach, mee hei ass d'Ännerung schonn ze gesinn:
. Merci un all, déi ofgestëmmt hunn! --
Volvox
Diskussioun
22:36, 16. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount
Quelltext änneren
Salut alleguer, wéi op der
Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026
proposéiert an diskutéiert hunn ech mech amuséiert d'Säit
Wikipedia:WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount
unzeleeën, fir de WikiProjet „Eng Richtlinn pro Mount“ ze koordinéieren. De But vun deem Projet ass et, all Mount zu engem bestëmmte Beräich Richtlinnen zesummen auszeschaffen, déi duerno gestëmmt ginn an am positive Fall verbindlech sinn. Dat sou laang, wéi de Bedarf besteet.
Sidd der mat der allgemenger Virgoensweis, wéi ech se op der verlinkter Säit skizzéiert hunn averstanen? De konkreete Programm mengen ech domat net, dee kann ee jo op der Säit selwer diskutéieren an upassen; hei geet et mer ëm dat Prinzipiellt. --
Volvox
Diskussioun
14:50, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
D'aacord mam Prinzip, a Merci fir d'Initiativ! Warscheinlech wäert sech e gewësse Pragmatismus an d'Offolleg vun de Méint aschläichen, jee no Joreszäit an Disponibilitéit vun den interesséierte Mataarbechter. Loosse mer d'Saach emol rullen. --
Zinneke
Diskussioun
18:06, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
; och d'accord. |--
GilPe
Ech fannen dat eng gutt Initiativ, mee sinn net averstanen mat: "
Wa mindestens 3 Benotzer ofstëmmen a mindestens 2/3 dofir sinn, ass d'Richtlinn ugeholl
". Dat schéngt mir vill ze wéineg, fir eng Richtlinn verbindlech ze maachen. Op der Homepage steet, et géif 130 aktiv Benotzer ginn. Ech géif 10 Benotzer, déi ofstëmmen, viséieren (oder zumindest 7-8). Vläicht wier et och gutt, explizitt ze ernimmen, wat "ofstëmme" bedeit:
Pro
Kontra
; an
Neutral
De proposéierte Programm ass gutt.
--
Bdx
Diskussioun
12:27, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Bdx
: Merci fir de Feedback! Ech hunn eng Erklärung derbäi gesat, wéi ofgestëmmt soll ginn. Bei
Neutral
war ech mer net 100%eg sécher, ob dat och als Ofstëmmung ziele soll, mee ech hunn et mol matgeholl. De
Kommentar
soll allerdéngs net matzielen.
Zur Mindestzuel u Votten: 3 Votte schéngt wéineg, wann ee se mat ronn 130 aktive Benotzer vergläicht. Mee net nëmme beinhalten déi „aktiv Benotzer“ och temporär Konten (déi virdrun als IP-Adress guer net matgezielt goufen; deemools lounge mer éischter ëm 90), mee et muss ee kucken, wéi vill Benotzer iwwerhaapt eligibel wiere fir ofzestëmmen. An der aktueller Propos stinn als Krittäre fir kënnen ofzestëmmen:
Zanter 2 Méint op der lëtzebuergescher Wikipedia ugemellt.
Insgesamt mindestens 50 Ännerungen.
Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg.
Wann ech mer Stand elo déi
aktiv Benotzer
ukucken, dann erfëllen der just 8 déi dräi Krittären (Bdx, GilPe, Johnny Chicago, Les Meloures, Mobby 12, Puscas, Volvox an Zinneke). Deemno hu mer net vill Loft no uewen, fir méi eng staark Bedeelegung un der Ofstëmmung ze fuerderen. Mindestens 10 Ofstëmmunge sinn also net dran, ausser et géif een d'Krittären opweechen; och 7-8 schéngt mer e bësse vill, well dann och jidderee matmaache muss. Gefillt géif ech héchstens op 4 oder allerhéchstens 5 goen.
Wat mengs du (oder déi aner) dozou? --
Volvox
Diskussioun
13:46, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Bei
Neutral
war ech mer net 100%eg sécher, ob dat och als Ofstëmmung ziele soll.
Dat froen ech mech och, an zwar an deem Sënnn datt jo net gesot als wat et ziele soll, ausser eng Rei ze fëllen an där ee wëll soen dat e keng Meenung huet. Nëtzt menger Meenung no bei enger Ofstëmmung kee Paff. --
Puscas
Diskussioun
14:06, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Et géif een Ënnerscheed maachen, ob een d'Mindestzuel vun Ofstëmmungen erreecht huet (ob der dat lo 3 oder méi sinn). Bei zwou Pro-Stëmmen an enger neutraler, wier d'Richtlinn ugeholl, wann déi neutral als Ofstëmmung zielt, well mer dann zwou Stëmmen dofir hunn an insgesamt 3 Stëmmen.
P.S.: Ech hunn d'Krittäre liicht méi schaarf resp. kloer formuléiert:
Mindestens 2 Méint zanter der éischter Ännerung op der lëtzebuergescher Wikipedia.
Insgesamt mindestens 50 Ännerungen op der lëtzebuergescher Wikipedia.
Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg op der lëtzebuergescher Wikipedia.
Mee et kann ee se natierlech och inhaltlech upassen en vue vun der Diskussioun uewen, falls néideg. --
Volvox
Diskussioun
14:13, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Ech realiséiere grad, datt dat heesche géif, datt eng Neutral-Stëmm sech de facto wéi eng Kontra-Stëmm auswierke géif, wat definitiv net de Sënn vun der Saach ass. Et kéint ee soen, datt eng Neutral-Stëmm zwar fir d'Mindestzuel u Stëmme matzielt awer fir d'Unhuele vun der Richtlinn just 2/3 vun de Pro- a Kontra-Stëmmen néideg sinn, mee dat gëtt dann onnéideg komplizéiert. Ech huelen d'Neutral-Optioun mol rëm eraus. --
Volvox
Diskussioun
14:22, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Um Enn vun der Ofstëmmung mindestens 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg.
Ech fannen dat net ganz gutt. Do géife mer z.B. Benotzer aussschléissen déi iwwwer Dausende vun Artikelen oder Ännerunge gemaach hunn an duerch Zoufall ee Mount net aktiv waren. Ech fannen dat wier eng Diskrimination par Rapport zu deene Benotzer.
Wat den neutral ugeet do mengen ech datt déi Ausso näischt bréngt, dat ass wéi bei engem ongëltege Walziedel, do war zwar e wielen, awer dat wat e gewielt huet, gëllt net. Neutral oder Abstinenz ginn néirens als Stëmm gezielt.--
Les Meloures
Diskussioun
14:28, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Les Meloures
Wat géifs de da virschloen? D'Zuel vun den Ännerungen an de leschten 30 Deeg erofsetzen? Oder den Zäitraum eropsetzen, fir datt Schwankungen an der Aktivitéit méi ausgeglach ginn? Oder de Krittär fir eng rezent Mindestaktivitéit ganz ewechloossen a just eng Gesamtännerungszuel fuerderen? --
Volvox
Diskussioun
18:09, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Volvox
: Ech géif proposéieren fir am Allgemengen, Benotzer déi scho méi wéi ee Joer aktiv sinn an am Laf vum Joer aktiv waren vun deene Konditiounen auszeschléissen. --
Les Meloures
Diskussioun
06:48, 15. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Merci fir déi weider Erklärungen. Krittären 1 an 2 si fir mech an der Rei. Dat, wat de Les Meloures an der Linn hei driwwer proposéiert, ass och gutt. Och OK fir den "Neutral" net als Stëmm ze zielen. Menger Meenung no sollen awer weider mindestens 5 Benotzer dofir stëmme mussen, fir datt eng Richtlinn a Kraaft trëtt. Well et bleift eng Richtlinn, an net just en Recommandatioun.
Alternativ kéint een och bei 3 "Jo"-Stëmme bleiwen, an da gëtt d'Richtlinn "ad experimentum" fir ee Joer ugeholl. No engem Joer gëtt nach eng Kéier iwwer e méi laangen Zäitraum doriwwer ofgestëmmt, ob se dauerhaft ugeholl soll ginn. Mee dat mécht dat ganzt eventuell ze komplex. --
Bdx
Diskussioun
13:41, 15. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Mat just de Krittären 1. an 2. kommen ech aktuell op 26 walberechtegt Net-Bot-Benotzer (dorënner der och, déi hei just
maintenance tasks
maachen an deemno souwisou net ofstëmme wäerten). Ech géif awer trotz allem net just fuerderen, datt de Benotzer am leschte Joer aktiv war, mee och eng Mindestzuel vun Ännerungen am leschte Joer gemaach huet. Dofir hunn ech mech amüséiert d'Ännerungszuel am leschte Joer fir déi aktiv Net-Bot-Benotzer zesummenzedroen (ech hoffen, datt ech mech néierens graff verdoen hunn):
55polo55
Bdx
1155
Benemlu
28
Cayambe
72
Christian Ries
225
Corto lu
234
Dewilda
17
GilPe
8724
GuthJan
11
Ioni
30
Jamcelsus
80
Johnny Chicago
2824
Jwh
25
Kontributor 2K
23
Kwamikagami
46
Les Meloures
5713
MMFE
460
Makenzis
126
Mobby 12
6122
Niegodzisie
Puscas
785
Soued031
1305
Sultan Edijingo
487
Volvox
5518
Zinneke
7630
Ziv
223
Dës Lëscht schéngt déi op
Spezial:Aktiv_Benotzer
baséiert schéngt mir feelerhaft ze sinn wann ech meng eege Kontributiounen
Meng 500 lescht Kontributiounen
(500 Kontributiounen zanter Dezember 2025) kucken.
Robby
Diskussioun
23:27, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Merci fir den Hiweis! Tatsächlech schéngt d'Lëscht vun den aktive Benotzer falsch gewiescht ze sinn. Dat ass beonrouegend an ech wéisst net, wourunner dat geleeë kann hunn. Mëttlerweil ass de Robby awer rëm richtegerweis op der Lëscht a feelt just nach a menger Tabell uewen. --
Volvox
Diskussioun
10:05, 21. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Ech géif proposéieren, mindestens 50 Ännerungen am leschte Joer ze hunn, da géifen aktuell nach ëmmer 17 walberechtegt Benotzer iwweregbleiwen an et kéint een 2. an 3. zesummenzefaassen zu:
Mindestens 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia.
Ënnert der Hypothees, datt déi Gréissenuerdnung vu 17 sou ongeféiert gläich bleift gëtt, kéint ee sech och trauen op eng Mindestzuel vu 7 Stëmmen ze goen.
D'Unhuelen
ad experimentum
schéngt mer schwiereg, well een, dee sech souwisou un d'Richtlinnspropos hale wëll, dat och ouni Unhuelen ad exp. maache kann, resp. een, dee sech souwisou net drun hale wëll, dat och net bei Unhuelen ad. exp. maache muss. Et hätt deemno kee richtegen Effekt, falls ech dat richteg verstinn.
Schéngt „Mindestens 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia“ plus „mindestens 7 Stëmmen“ akzeptabel?
--
Volvox
Diskussioun
22:21, 16. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Mëtteg,
Wann ech dat elo richteg resuméieren, da wäre mer also elo bei:
Mindestens
Op d'mannst 2 Méint zanter der éischter Ännerung op der lëtzebuergescher Wikipedia;
Mindestens
op d'mannst 50 Ännerungen am Joer virum Enn vun der Ofstëmmung op der lëtzebuergescher Wikipedia;
Mindestens
op d'mannst 7 Stëmmen;
et sinn ⅔
Pro
-Stëmmen néideg fir datt d'Richtlinn ugeholl ass.
Pro
Fir mech schéngt dat okee. |
GilPe
Diskussioun
13:44, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
- schéngt mer räsonabel.
Zinneke
Diskussioun
21:38, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
- ok fir mech (mat der Ausnam dat et fir mech esou ausgesäit wéi wann d'lëscht vun den aktive Benotzer aktuell net ëmmer korrekt ass)
Robby
Diskussioun
23:27, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Super! --
Bdx
Diskussioun
11:15, 18. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
OK --
Johnny Chicago
18. Abr. 2026
Pro
--
Les Meloures
Diskussioun
10:55, 21. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Ech hunn
Wikipedia:WikiProjet Eng Richtlinn pro Mount
à jour gesat. --
Volvox
Diskussioun
11:20, 21. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Vun „
Kategorie
Wikipedia-Administratioun
Wikipedia
De Stamminee
Sujet derbäisetzen