Hei entsteet e Wierderbuch mat zesummen erschafften a fräie Bäiträg. Wiktionary ass eng Zesummesetzung aus wiki an dictionary. Wikis si Websäiten, déi jiddweree praktesch an einfach am Browser verännere kann.

Déi am Februar 2005 gegrënnte lëtzebuergesch Wiktionary ass en Deel vum internationale Wiktionary-Projet.

Dëst ass en oppene Gemeinschaftsprojet. Jiddweree kann hei matschaffen, an zwar ganz ouni Umeldung - obwuel dës (kuckt ënnen) verschidde Virdeeler bitt.

Dir wäert et séier mierken. D'Participanten vum Wiktionary diskutéiere mateneen, hëllefe sech géigesäiteg - an duzen sech och meeschtens.

Et ass ganz einfach:

W.e.g. kopéiert op kee Fall Texter ouni d'Averständnis vum Auteur heihin, well dat Problemer mam Copyright mat sech bréngt. Selwerschreiwe mécht souwisou vill méi Spaass.

De Contenu vum Wiktionnaire ënnersteet der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun. Dat heescht, jiddwereen däerf de Contenu mat Ugab vun der Quell weiderbenotzen a verbreeden.

An elo vill Spaass mam Wiktionary!